Op den Inhalt sprangen

EuroCity 96/97 Iris: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k top: Eifeler, replaced: → using AWB
k top: ortho, replaced: hollänesch → hollännesch using AWB
 
(Eng Tëscheversioun vun engem anere Benotzer gëtt net gewisen)
Linn 1: Linn 1:
[[Fichier:SNCB 2001 EC Iris.jpg|thumb|right|400px|Den EuroCity 96 um Krop vun der 2001 an der [[Gare Lëtzebuerg|Stater Gare.]]]]
[[Fichier:SNCB 2001 EC Iris.jpg|thumb|right|400px|Den EuroCity 96 um Krop vun der 2001 an der [[Gare Lëtzebuerg|Stater Gare.]]]]
Den '''Eurocity 96/97 Iris''' war en internationale Schnellzuch dee [[Bréissel]] mat [[Basel]] a [[Chur]] an der [[Schwäiz]] verbonnen huet. E war no der hollänescher Nationalblumm [[Iris]] benannt.
Den '''Eurocity 96/97 Iris''' war en internationale Schnellzuch dee [[Bréissel]] mat [[Basel]] a [[Chur]] an der [[Schwäiz]] verbonnen huet. E war no der hollännescher Nationalblumm [[Iris (Blumm)|Iris]] benannt.


Vun 1987 un ass en ënner dem Qualitéitslabel [[EuroCity]] gelaf, virdrun als [[InterCity]] a vun 1974 bis 1981 als [[Trans-Europe-Express|TEE Iris]].
Vun 1987 un ass en ënner dem Qualitéitslabel [[EuroCity]] gelaf, virdrun als [[InterCity]] a vun 1974 bis 1981 als [[Trans-Europe-Express|TEE Iris]].

Aktuell Versioun vum 20:32, 30. Mäe. 2022

Den EuroCity 96 um Krop vun der 2001 an der Stater Gare.

Den Eurocity 96/97 Iris war en internationale Schnellzuch dee Bréissel mat Basel a Chur an der Schwäiz verbonnen huet. E war no der hollännescher Nationalblumm Iris benannt.

Vun 1987 un ass en ënner dem Qualitéitslabel EuroCity gelaf, virdrun als InterCity a vun 1974 bis 1981 als TEE Iris.

Nummeréierung

[änneren | Quelltext änneren]

A Richtung Süden hat den Zuch d'Lafnummer 97, wärend en a Richtung Norden ënner der Nummer 96 gelaf ass.

Den Zuch bestoung aus enger Ramm Schwäizer EuroCity Voiturë mat enger belscher I6'er Voiture. An der Vakanzenzäit gouf en dacks mat aner Schwäizer Material verstäerkt. Vereenzelt koumen och CFL Corail Voituren an den Asaz.

D'Traktioun gouf tëscht Bréissel a Lëtzebuerg mat belschen 20'er gemaach. Um franséischen Deel vun der Streck ware 15000'er a 26000'er am Asaz. An der Schwäiz goufen Re 420'er an Re 460'er agesat.

Den EC Iris ass aus dem TEE Iris entstanen, dee fréier Amsterdam mat Zürich verbonnen huet an ufanks der 80er Joren, aus finanzielle Grënn, opgi gouf. Genee wéi beim EC Vauban, waren d'NS net bereet sech um neie Label EuroCity ze bedeelegen, a sou ass den Iris vun do un nëmmen nach bis op Bréissel gefuer.

Ufanks war den Iris an de Schwäizer Interregio-Fuerplang integréiert an ass dowéinst bis Chur gefuer. Well et awer dacks zu Verspéidunge koum, gouf den Iris aus dem réguläre Plang ausgekoppelt an op Zürich limitéiert.

De Status als EuroCity ass haut nëmmen nach um belschen Deelstéck am Gebrauch. A Frankräich an zu Lëtzebuerg ass en als Express klasséiert, an der Schwäiz als InterRegio. Besonnesch d'Feele vun enger Restaurantsvoiture huet den Iris säi Status kascht.