Op den Inhalt sprangen

Adam Roberti: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k top: Datum, replaced: Kategorie:Stroossen a Plazen zu Lëtzebuerg, déi no enger Perséinlechkeet benannt sinn → Kategorie:Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass using AWB
 
Linn 10: Linn 10:


{{Referenzen}}
{{Referenzen}}

{{DEFAULTSORT:Roberti Adam}}
{{DEFAULTSORT:Roberti Adam}}
[[Kategorie:Gebuer (16. Joerhonnert)]]
[[Kategorie:Gebuer (16. Joerhonnert)]]
[[Kategorie:Gestuerwen ?]]
[[Kategorie:Gestuerwen ?]]
[[Kategorie:Stroossen a Plazen zu Lëtzebuerg, déi no enger Perséinlechkeet benannt sinn]]
[[Kategorie:Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass]]

Aktuell Versioun vum 07:10, 12. Sep. 2024

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Adam Roberti
Gebuer 16. Joerhonnert

Den Adam Roberti war Baumeeschter (fr: baumaître) an der Stad Lëtzebuerg an der Zäit vun der Renaissance.

Dem Adam Roberti semg Famill koum vu Saint-Hubert. Hie war vu 1563 bis 1578 Schäffen a "Baumeeschter" am Magistrat vun der Stad Lëtzebuerg. D'Roll vum Baumeeschter war et, d'Recetten an d'Depensë vun der Stad, sou wéi och déi ëffentlech Gebaier, z'iwwerpréiwen.[1]

Hien huet 1572-73 dat deemolegt Stadhaus (haut: de Groussherzogleche Palais) an der Stad erëm op- an ëmbaue gelooss, nodeems et 1554 duerch e Feier, dat duerch d'Explosioun vum Polvermagaséng entstane war, deelweis zerstéiert gi war - sou wéi och grouss Deeler vun der Stad. Well d'Stad dofir net genuch Suen hat, huet de Roberti hir aus sengem Privatverméigen e Prêt gemaach, dee mat 5 % Zënsen zeréckzebezuele war.

Eng Strooss am Stater Quartier Märel, d'Rue Adam-Roberti, gouf 1962 no him genannt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? ons stad Nr.55 (1997), S.31.