Infraroutgalaxie
Eng Infraroutgalaxis stralt méi Energie am infraroude Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum aus wéi bei allen anere Wellelängten zesummen.
Je no Liichtkraaft am Wellelängteberäich 8 bis 1000 µm ginn dës Galaxien an liichtkräfteg (iwwer 1011 Sonneliichtkraaften, Ofkierzung LIRG), ultraliichtkräfteg (iwwer 1012, ULIRG) an hyperliichtkräfteg (iwwer 1013, HLIRG) Infraroutgalaxien agedeelt. Hir Liichtkraaft am Infrarout ka méi wéi dat Honnertfacht vun der Liichtkraaft am visuelle Liicht sinn. Hir Energiequelle sinn vill jonk Stären an Starbursts an, besonnesch bei de liichtkräftegsten Objeten, Matièreafall op e Schwaarzt Lach an engem aktive galaktesche Kär.
Infraroutgalaxien am noen Universum goufen a grousser Zuel vum IRAS entdeckt. Zu de bekanntesten Infraroutgalaxien zielen de Messier 82 an den Arp 220. Zënter de 1990er Joren kennt ee vu Fotoen am mëttleren Infrarout an am Sub-mm-Beräich och Infraroutgalaxien am fréien Universum.
Literatur
- D.B. Sanders, I.F. Mirabel: Luminous Infrared Galaxies, Annual Review of Astronomy and Astrophysics 34, S. 749 (1996)