Op den Inhalt sprangen

EuroCity 96/97 Iris

Vu Wikipedia
Versioun vum 09:19, 28. Feb. 2013 vum Melouresbot (Diskussioun | Kontributiounen) (clean up, removed: ==Linken== using AWB).
Den EuroCity 96 um Krop vun der 2001 an der Stater Gare.

Den Eurocity 96/97 Iris ass en internationale Schnellzuch dee Bréissel mat Zürich an der Schwäiz verbënnt. En ass no der hollänescher Nationalblumm Iris benannt.

Bis 2007 ass en ënner dem Qualitéitslabel EuroCity gelaf.

Streckeverlaf

A Richtung Süden dréit den Zuch d'Lafnummer 97, während en a Richtung Norden ënner der Nummer 96 leeft.

Material

Den Zuch besteet aus enger Ramm Schwäizer EuroCity Voiturë mat enger belscher I6'er Voiture. An der Vakanzenzäit ass en dacks mat aner schwäizer Material verstäerkt. Vereenzelt kommen och CFL Corail Voituren an den Asaz.

D'Traktioun gëtt tëscht Bréissel a Lëtzebuerg duerch belsch 20'er assuréiert. Um franséischen Deel vun der Streck sinn 15000'er a 26000'er am Asaz. An der Schwäiz ginn Re 420'er an Re 460'er agesat.

Geschicht

Entstanen ass den EC Iris aus dem TEE Iris, dee fréier Amsterdam mat Zürich verbonnen huet an ufanks der 80er Joren, aus finanzielle Grënn, opgi gouf. Genee ewéi beim EC Vauban, waren d'NS net bereet sech um neie Label EuroCity bedeelegen, an sou ass den Iris vun do un nëmmen nach bis Bréissel gefuer.

Ufanks war den Iris an de Schwäizer Interregio-Fuerplang intégréiert an ass dowéinst bis Chur gefuer. Well et awer dacks zu Verspéidunge koum, gouf den Iris aus dem réguläre Plang ausgekoppelt an op Zürich limitéiert.

De Status als EuroCity ass haut nëmmen nach um belschen Deelstéck am Gebrauch. A Frankräich an zu Lëtzebuerg ass en als Express klasséiert, an der Schwäiz als InterRegio. Besonnesch d'Feele vun engem Restaurantswagon huet den Iris säi Status kascht.

Garen

Kuckt och

Um Spaweck