EuroCity 96/97 Iris
Den Eurocity 96/97 Iris ass en internationale Schnellzuch dee Bréissel mat Zürich an der Schwäiz verbënnt. En ass no der hollänescher National Blumm Iris benannt.
Streckeverlaf
A Richtung Süden dréit den Zuch d'Lafnummer 97, während en a Richtung Norden ennert der Nummer 96 leeft.
Material
Den Zuch besteet aus enger Ramm Schwäizer EuroCity Voiturë mat enger belscher I6'er Voiture. An der Vakanzen Zait ass en oft mat aaner schwaizer Material verstärkt. Vereenzelt kommen och CFL Corail Voitüren an den Asaz.
D'Traktioun gëtt tëscht Bréissel a Lëtzebuerg duerch belsch 20'er assuréiert. Um franséischen Deel vun der Streck sinn 15000'er a 26000'er am Asaz. An der Schwäiz ginn RE420'er an RE460'er agesat.
Geschicht
Entstan ass den EC Iris aus dem TEE Iris, dee fréier Amsterdam mat Zürich verbonnen huet an ufanks der 80er Joren, aus finanzielle Grënn, opgi gouf. Genee ewei beim EC Vauban, waren d'NS net bereet sech um neien Label Eurocity bedeelegen, an sou ass den Iris vun do un nëmmen nach bis Bréissel gefuer.
Ufanks war den Iris an den schwaizer Interregio-Fahrplang intégréiert an ass doweinst bis Chur gefuer. Well et awer oft zu Verspéidungen koum, gouf den Iris aus dem régulären Plang ausgekoppelt an op Zürich limitéiert.