EuroCity 96/97 Iris
Den Eurocity 96/97 Iris ass en internationale Schnellzuch dee Bréissel mat Zürich an der Schwäiz verbënnt. En ass no der hollänescher Nationalblumm Iris benannt.
Streckeverlaf
A Richtung Süden dréit den Zuch d'Lafnummer 97, während en a Richtung Norden ënner der Nummer 96 leeft.
Material
Den Zuch besteet aus enger Ramm Schwäizer EuroCity Voiturë mat enger belscher I6'er Voiture. An der Vakanzenzäit ass en dacks mat aner schwäizer Material verstäerkt. Vereenzelt kommen och CFL Corail Voituren an den Asaz.
D'Traktioun gëtt tëscht Bréissel a Lëtzebuerg duerch belsch 20'er assuréiert. Um franséischen Deel vun der Streck sinn 15000'er a 26000'er am Asaz. An der Schwäiz ginn Re 420'er an Re 460'er agesat.
Geschicht
Entstanen ass den EC Iris aus dem TEE Iris, dee fréier Amsterdam mat Zürich verbonnen huet an ufanks der 80er Joren, aus finanzielle Grënn, opgi gouf. Genee ewéi beim EC Vauban, waren d'NS net bereet sech um neie Label EuroCity bedeelegen, an sou ass den Iris vun do un nëmmen nach bis Bréissel gefuer.
Ufanks war den Iris an de Schwäizer Interregio-Fuerplang intégréiert an ass dowéinst bis Chur gefuer. Well et awer dacks zu Verspéidunge koum, gouf den Iris aus dem réguläre Plang ausgekoppelt an op Zürich limitéiert.