Voiture I6
Ausgesinn
Voiture I6 SNCB | ||
---|---|---|
Stéckzuel: | 75 | |
Constructeur: | Eurofima | |
Baujoren: | 1973-1977 | |
Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
Déngschtmass: | 42 Tonnen | |
Längt iwwer Puffer: | 26400 mm | |
Héicht: | 4050 mm | |
Héchstvitesse: | 160 km/h / 200 km/h[1] | |
Alimentatioun: | 1,5 kV Gläichstroum 3 kV Gläichstroum 15 kV 16 ⅔HzWiesselstroum 25 kV Wiesselstroum 50Hz |
D'Voituren I6 sinn eng Serie vu belsche Reesvoiturë fir den internationalen Trafic. Wéi all d'Voiturë mat RIC, si s'an de meeschten europäesche Länner zougelooss.
Asaz
[änneren | Quelltext änneren]- Geleeëntlech um Interregio m tëscht Liers a Lëtzebuerg, zesumme mat Voituren aus der Serie I10. Well se Kompartimenter hunn, déi vum Zuchpersonnal nëmme schwéier anzegesinn sinn, si s'am Juni 2010 bal ganz verschwonnen. Grond war datt se dacks knaschteg waren an den Entretien dacks mangelhaft war.[2]
- Express Vauban an Express Iris.
- Vereenzelt InterCity-Zich tëscht Bréissel an Amsterdam.
- P Zich uechtert d'Belsch.
Technesches
[änneren | Quelltext änneren]D'SNCB huet am Ablack:
- 20 A9, mat 58 Plazen éischt Klass.
- 60 B11, mat 66 Plazen zweet Klass.
- 1989 goufen 15 B11 zu Couchette Voiturë mat 60 Plazen ëmgebaut a B10c genannt.
Livréen
[änneren | Quelltext änneren]-
I6 Couchette Voiture an der typesch blo-rosaer Livrée
-
CFL 3000 mat I6 Voiture (zweet hanner der Lokomotiv) an der klassescher oranger Eurofima Livrée