.zip
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
.zip ass eng Extensioun fir compriméiert an archivéiert Dateien. Den Ausdrock .zip gëtt un den Numm vu sou Dateien ugehaangen a kennzeechent se. Et ass eng Compressioun vun enger oder méi Komponenten, déi sech duerch d'Compressioun besser verschécken a späichere loossen an déi an engem Archiv och manner Plaz brauchen. Fir mat Zip-Filen ze schaffen, brauch een also e Programm, fir d'Komponenten ze kompriméieren, also anzepaken, an duerno een, fir se erëm auszepaken. Haut gëtt et och Zip-Dateien, déi, wann ee se uklickt, sech vum selwen auspaken. Fir Programmer, déi aus dem Internet erofgeluede ginn, ass dat e grousse Virdeel.
Geschicht vun der Archivéierung mat Zip-Dateien
[änneren | Quelltext änneren]Am Ufank, 1989, goufen d'Programmer PKZIP gebraucht, fir ze kompriméieren a PKUNZIP fir ze décompriméieren. Den US-Amerikaner Phil Katz hat se erfonnt an agefouert.