Op den Inhalt sprangen

Bluttbuchen zu Boufer

Vu Wikipedia
Bluttbuchen zu Boufer
D'Bluttbuchen am Park zu Boufer. Lénks d'Altersheem (CIPA). (Mee 2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Luerenzweiler
Plaz Boufer
Bamaart Bluttbuch
Duerchmiesser 3,26 m (2000)
Ëmfang 28 m (2000)

Déi véier Bluttbuchen zu Boufer (Fagus sylvaticus L. cv. purpurea; hêtre pourpre; Blutbuche) stinn an enger Sank am Park riets virum Altersheem zu Boufer an der Gemeng Luerenzweiler. Zesumme bilde si mat hire Krounen eng Struktur déi wéi een eenzege gewaltege Bam ausgesäit. Wéinst hirem Gesamtandrock gehéiere se zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Den Alter vun de Beem ass net bekannt. Ëm 2000 gouf beim déckste dervun e Stammëmfang, op Broschthéicht, vun 3,26 m gemooss, bei engem Ëmfang vun der Grupp vun 28 m.

Bis 2008 gouf et keng verëffentlecht Foto vun dëse Bluttbuchen.

Am Park beim Altersheem (CIPA) steet nach eng bemierkenswäert Trauerbuch hanner dem Altersheem. D'Bluttbuch um Wues virum CIPA déi bis dunn imposantst vun alle Bluttbuchen zu Lëtzebuerg, gouf 2022 ewechgehaen.

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf. Tabell S. 240; keng Beschreiwung a keng Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Cf. S. 53, keng Foto).
D'Grupp vun de véier Beem. Am Laf vum Summer gëtt dat rout Pigment an de Blieder zeréckgebilt an déi gréng Faarf vum Chlorophyll setzt sech duerch. (August 2008).
D'Bluttbuchen am Wanter (Mäerz 2008).
Commons: Bluttbuchen zu Boufer – Biller, Videoen oder Audiodateien