Douglas Slocombe
Douglas Slocombe | |
---|---|
Gebuer | 10. Februar 1913 |
Gestuerwen |
22. Februar 2016 London |
Doudesursaach | Fall |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Kameramann, Cadreur |
Member vun | British Society of Cinematographers |
Den Douglas Slocombe, gebuer den 10. Februar 1913 zu London, an och do den 22. Februar 2016 gestuerwen, war en englesche Filmkameramann a Fotograf.
Den Douglas Slocombe huet seng Jugend zu Paräis verbruecht, wou säi Papp Diplomat war an an engems Auslandskorrespondent vun Zeitunge wéi dem Daily Express oder The Evening Standard. Wann den Douglas un de Weekenden aus dem Internat heem koum, huet en d'Frënn vum Haus kennegeléiert, den James Joyce, den Sinclair Lewis an nach anerer. No der Sorbonne huet de Slocombe drop gelauert, fir beim Film eng Aarbecht ze fannen. Mä vun der franséischer Administratioun krut hie keng Erlabnes. Sou koum et datt hien zwee Joer zu London an der Noriichteredaktioun vum englesche Büro vun der United Press geschafft huet. En hat déi Zäit ëmmer seng Leica bei sech a sou konnt hie Paris-Match a Life munnech Fotoe verkafen.
1948 koum hie bei d'Londoner Ealing Studios als Chefkameramann. 17 Joer laang huet hien do geschafft. E puer vu senge Filmer aus där Zäit:
- Kind Hearts and Coronets (1949)
- The Man in the White Suit (1951)
- The Lavender Hill Mob (1951)
Säin allerleschte Film war 1989 dem Steven Spielberg säin Indiana Jones and the Last Crusade.
Seng Filmer
[änneren | Quelltext änneren]- The Big Blockade vum Charles Frend (1942)
- Dead of Night vum Alberto Cacalcanti, Charles Crichton, Basil Dearden a Robert Hamer(1945)
- The Captive Heart vum Basil Dearden (1946)
- Hue and Cry vum Charles Crichton (1947)
- Saraband for Dead Lovers vum Basil Dearden (1948)
- It Always Rains on Sunday vum Robert Hamer (1948)
- Kind Hearts and Coronets vum Robert Hamer (1949)
- The Man in the White Suit vum Alexander Mackendrick (1951)
- The Lavender Hill Mob vum Charles Crichton (1951)
- Mandy vum Alexander Mackendrick (1952)
- The Titfield Thunderbolt vum Charles Crichton (1953)
- Ludwig II.: Glanz und Ende eines Königs vum Helmut Käutner (1955)
- The Smallest Show on Earth vum Basil Dearden (1957)
- The Man in the Sky vum Charles Crichton (1957)
- Circus Of Horrors vum Sidney Hayers (1960)
- Taste of Fear vum Seth Holt (1961)
- The Young Ones vum Sidney J. Furie (1961)
- Freud vum John Huston (1962)
- The L-Shaped Room vum Bryan Forbes (1962)
- The Servant vum Joseph Losey (1963)
- Guns at Batasi vum John Guillermin (1964)
- A High Wind in Jamaica vum Alexander Mackendrick (1965)
- The Blue Max vum John Guillermin (1966)
- Robbery vum Peter Yates (1967)
- The Fearless Vampire Killers vum Roman Polanski (1967)
- The Lion in Winter vum Anthony Harvey (1968)
- The Italian Job vum Peter Collinson (1969)
- The Music Lovers vum Ken Russell (1970)
- Murphy's War vum Peter Yates (1971)
- Travels with My Aunt vum George Cukor (1972)
- Jesus Christ Superstar vum Norman Jewison (1973)
- The Great Gatsby vum Jack Clayton (1974)
- The Maids vum Christopher Miles (1974)
- Rollerball vum Norman Jewison (1975)
- The Sailor Who Fell from Grace with the Sea vum Lewis John Carlino (1976)
- Julia vum Fred Zinnemann (1977)
- Caravans vum James Fargo (1978)
- The Lady Vanishes vum Anthony Page (1979)
- Nijinsky vum Herbert Ross (1980)
- Raiders of the Lost Ark vum Steven Spielberg (1981)
- Never Say Never Again vum Irvin Kershner (1983)
- Indiana Jones and the Temple of Doom vum Steven Spielberg (1984)
- Lady Jane vum Trevor Nunn (1986)
- Indiana Jones and the Last Crusade vum Steven Spielberg(1989)
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]Seng Oscar-Nominatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Den Douglas Slocombe op der IMDb