Eechen zu Munzen
Eechen zu Munzen | |
---|---|
Déi zwou Eechen an hirem Ëmfeld (Abrëll 2008) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Klierf |
Plaz | Munzen |
Adress | Grossenpesch |
Koordinaten | 50°1'58,98"N, 6°2'4,67"O |
Bamaart | Eechen, Wantereech |
Héicht | 25 m (2000) |
Duerchmiesser | 0,58 m (2000) |
Ëmfang | 1,81 m (2000) |
D'Eechen zu Munzen sinn zwou Wantereechen (Quercus petraea, (de) Traubeneiche; (fr) chêne sessile, chêne rouvre) déi zu Munzen an der Gemeng Klierf stinn an déi wéinst hirem Alter an och dem Ëmfeld an deem se stinn – eng Wisen- an Heckelandschaft beim Duerf – zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.
Lokalisatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Eeche stinn an der Sektioun Munze vun der Gemeng Klierf, am Flouer Grossenpesch, ronn 200 m hanner dem fréiere Gemengenhaus, am Weste vum Duerf.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Alter vun den Eechen ass net bekannt, däerft awer 200 Joer erreechen.
Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]2008 konnt ee gesinn, datt déi zwéin Haaptäscht vun der déckster Eech mat engem stole Seel geséchert sinn. Déi ënnescht Eech huet den déckste Stamm an ass bannen huel.
Joer | [1] | Bemierkung | ||
---|---|---|---|---|
2000 | 1,81 | 0,58 | 25,00 | südleche Bam |
1,49 | 0,47 | 24,00 | nërdleche Bam |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Mat senge 25 m ass den ënneschte vun deenen zwéi Beem déi véiertdéckst Eech zu Lëtzebuerg (no den Eechen zu Heeschbreg, um Bicherhaff an zu Kaalmes)(Stand 2000).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Fréijoer (Abrëll 2008)
-
Summer ()
-
Hierscht ()
-
Wanter ()
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0
- Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 28-29, Foto an Text)
- Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eechen zu Munzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ op Broschthéicht gemooss
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur