Kisch (Insel)
Ausgesinn
Kish (gr. Aracacta) ass eng iranesch Insel am Persesche Golf, op där een eng Stad mam selwechten Numm fënnt. D'Insel huet eng Fläch vun 90,55 km² a läit zirka 20 km vum Festland ewech. D'Awunnerzuel louch am Joer 2001 bäi zirka 16.500.
Kish ass als Vakanzeninsel vum Reza Schah Pahlavi bekannt. Haut ass si haaptsächlech eng Fräihandelszone an e Vakanzegebitt mat villen Hotellen an Akafsméiglechkeeten. Et existéiere getrennte Plage fir Fraen a Männer.
Kuckeswäert sinn op der Insel ënner anerem d'Alstad, déi ënnerierdesch Waasserzëtären an de Luxushotel an deem de Schah d'Nuechte verbruecht huet.
Bierger vun der Europäescher Unioun kënne vun Dubai aus ouni e besonnesche Visum areesen. Fir d'Rees iwwer den Iran brauch een e Visum fir Iran.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]* Kish Free Zone - offiziell Websäit
Commons: Kisch (Insel) – Biller, Videoen oder Audiodateien |