NASA
National Aeronautics and Space Administration — NASA — | |
---|---|
Stellung | United States government |
Grünnung | 29. Juli 1958 |
Haaptsëtz | Washington D.C. |
Aart vu Fuerschung | Weltraumfuerschung |
Fachgebidder | Astronomie, Astrophysik, Satellittebau |
Leedung | Charles Frank Bolden, Administrateur[1] |
Mataarbechter | 17.900 |
Homepage | www.nasa.gov |
D'National Aeronautics and Space Administration (NASA), gegrënnt den 29. Juli 1958, ass déi zivil US-Verwaltung fir Loft- a Raumfaart. Trennung vum militäresche Beräich an der Loftfaartfuerschung ass net vollstänneg, well d'NASA souwuel fir déi zivil wéi och fir déi militäresch Grondlagefuerschung an der Loftfaart zoustänneg ass. Si ënnerscheet sech dora vun der europäescher Weltraumorganisatioun ESA, déi no Artikel II vun hirem Statut nëmme fir zivil Weltraumfuerschung do ass an och keng Loftfaartfuerschung bedreift.
Visioun a Missioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Nasa seet hir Visioun wier "d'Liewen op der Äerd ze verbesseren, d'Liewen no baussen ze verbreeden a Liewen do baussen ze fannen". Doraus ergëtt sech d'Missioun "eis Äerd ze verstoen an ze schützen, d'Universum z'erfuerschen an no Liewen ze sichen an déi nächst Generatioun vu Fuerscher ze begeeschteren".
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun der NASA.
Weider Entwécklungen
[änneren | Quelltext änneren]Moundbasis
[änneren | Quelltext änneren]D'NASA hat de 4. Dezember 2006 bekannt ginn, datt eng stänneg besat Mound-Basisstatioun a Konzeptioun wier. Als Starttermäi gouf d'Joer 2020 an als Termäi fir d'Fäerdegstellung 2024 genannt. Fir d'Ausféierung vun de Pläng gëtt d'Zesummenaarbecht mat internationale Partner a Betruecht gezunn.
De Budgetsentworf vum President Barack Obama gesäit zwar massiv Ännerunge bei der NASA vir. Méi wichteg wier et, revolutionär Technologien z'entwéckelen, déi bemannt Raumflich déi Säit vun der Äerdëmlafbunn erlabe kéinten – dobäi soll d'ISS och iwwer d'Joer 2016 eraus ugeflunn a finanziell ënnerstëtzt ginn. Donieft sollen an Zukunft net nëmmen d'NASA, mä och privat Entreprisë Raumschëffer entwéckelen.
Bemannte Fluch mat Landung um Mars
[änneren | Quelltext änneren]Amplaz vun enger Moundbasis plangt d'NASA e bemannte Fluch op de Planéit Mars. Als Zäitfënster gëtt d'Joer 2035 vun der NASA uginn. Dat neit bemannt Raumgefier Multi-Purpose Crew Vehicle (MPCV) soll op Zeechnunge baséieren, déi ufanks fir d'Orion-Kapsel-System fir d'Moundbasis virgesi waren. Zu deem Zweck hat d'NASA de 14. September 2011 ugekënnegt, dat neit, Drosystem Space Launch System (SLS) ze gebrauchen, dat deelweis op Technologië vum Space Shuttle zeréckgräift, an dat an der Lag soll sinn, bemannt Flich op de Mars wéi och bei äerdno Asteroiden z'erméiglechen.[2]
Lëscht vun den NASA-Administrateuren
[änneren | Quelltext änneren]- T. Keith Glennan (1958–1961)
- James Webb (1961–1968)
- Thomas O. Paine (1969–1970)
- James C. Fletcher (1971–1977)
- Robert A. Frosch (1977–1981)
- James M. Beggs (1981–1985)
- James C. Fletcher (1986–1989)
- Richard Truly (1989–1992)
- Daniel Goldin (1992–2001)
- Sean O’Keefe (2001–2005)
- Michael Griffin (2005–2009)
- Charles Frank Bolden (zanter 2009)
Nodeem de Michael Griffin nom Presidentewiessel säi Récktrëtt fir den 20. Januar 2009 erkläert hat a seng Stellvertriederin Shana Dale schonn de 17. Januar ausgescheet war, hat d'NASA kuerzzäiteg keen Administrateur. Den designéierten Nofollger vum Griffin, de véierfache Space-Shuttle-Astronaut Charles Frank Bolden, gouf eréischt de 15. Juli 2009 vum Senat als neie Leeder bestätegt. Stellvertriederin gouf d'Lori Garver, déi virdru Beroderin vum President Obama a Saache Weltraumpolitik war.[3]
Ariichtungen
[änneren | Quelltext änneren]D'NASA besteet aus enger Rei vun Ariichtungen. Dozou gehéieren:
- Goddard Space Flight Center (GSFC) mat ugeglidderter Wallops Flight Facility (WFF)
- Johnson Space Center (JSC) mam Mission Control Center (MCC)
- Kennedy Space Center (KSC)
- Marshall Space Flight Center (MSFC)
- John C. Stennis Space Center (SSC)
- Ames Research Center (ARC)
- Dryden Flight Research Center (DFRC)
- Langley Research Center (LaRC)
- Glenn Research Center (GRC)
- Goddard Institute for Space Studies (GISS)
- Michoud Assembly Facility (MAF)
Ugegliddert Ariichtungen
[änneren | Quelltext änneren]- Den Jet Propulsion Laboratory (JPL) ass en Deel vum Caltech: Raumsonden, Deep Space Network
Onofhängeg NASA-Ariichtungen
[änneren | Quelltext änneren]- NASA Institute for Advanced Concepts (NIAC): Nanotechnologie, Weltraumlift asw.
- NASA Office of Logic Design (OLD)
Bemannt Raumfaartprogrammer vun der NASA
[änneren | Quelltext änneren]- Mercury-Programm
- Gemini-Programm
- Apollo-Programm
- Skylab
- Space Shuttle
- International Raumstatioun (ISS)
- Constellation (agestallt 2010)
Verschiddenes
[änneren | Quelltext änneren]Space Shuttle
[änneren | Quelltext änneren]D'NASA ass déi eenzeg Administratioun op der Welt déi et fäerdegbruecht huet Mënsche mat engem Space Shuttle an de Weltraum ze schéissen. Sou huet d'NASA am Ganzen 135 sougenannt "Space Transporter System" Missiounen (STS) gemaach. D'STS-135 am Juli 2011war déi lescht dovun. No där Missioun goufen d'Shuttelen "Atlantis", "Endavour" an "Discovery" ausgemustert an a Muséeën ausgestallt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: NASA – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Websäit vun der NASA
- (en) NASA: Bemannt Raumfaart
- (en) NASA Watch
- (de) NASA's Vision & Mission – 2002 and beyond *Zesummefaassung US-Raumfaartprogramm an NASA-Geschicht
- (de) NASA-Statistik.de – Komplett Missiounsarchiv vun de bemannte Flich
- (en) NASA Institute for Advanced Concepts
- (en) Science@NASA; ausgewielt Theemen an Artikelen aus der NASA Fuerschung fir e breet Publikum
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en) www.nasa.gov About —People — Charles F. Bolden, Jr., NASA Administrator. Ofgeruff den 12. Juni 2010.
- ↑ n-tv:Neues Fahrzeug für Reisen ins tiefe All
- ↑ Obama picks ex-astronaut to lead NASA, MSNBC vum 24. Mee 2009