Charles Frank Bolden
Astronaut | |
---|---|
Administratioun | NASA |
Land | USA |
Auswiel | 19. Mee 1980 (9. NASA-Grupp) |
Flich | 4 |
Éischte Start | 12. Januar 1986 |
Lescht Landung | 11. Februar 1994 |
Dauer | 28d 8h 37min |
Ausgescheet | 27. Juni 1994 |
1. Missioun | STS-61-C |
2. Missioun | STS-31 |
3. Missioun | STS-45 |
4. Missioun | STS-60 |
Den Charles Frank „Charlie" Bolden junior, gebuer den 19. August 1946 zu Columbia a South Carolina) ass e fréieren US-amerikaneschen NASA-Astronaut a Generolmajor vun der Marinninfanterie. Zanter Juli 2009 ass hien Administrateur bei der NASA.
Ausbildung a Militärdéngscht
[änneren | Quelltext änneren]De Bolden krut 1968 e Bachelor an Elektrotechnik vun der United States Naval Academy an 1977 e Master a Systemmanagement vun der University of Southern California.
1968 goung de Bolden bei d'Marinn, wou hien als Marinnfliger augebilt gouf. 1972 an 1973 ass hie méi wéi 100 Asätz am Vietnamkrich geflunn. Nodeem hien nees heem koum, war e Rekrutéierungsoffizéier zu Los Angeles an uschléissend war hien dräi Joer op der Marinn Corps Air Station vun El Toro a Kalifornien. Am Juli 1979 krut hie seng Lizenz als Testpilot vun der United States Naval Test Pilot School zu Patuxent River (Maryland).
De Bolden gouf am Mee 1980 vun der NASA als Astronautekandidat erausgesicht.
STS-61-C
[änneren | Quelltext änneren]Den 12. Januar 1986 hat hien als Pilot vun der Raumfär Columbia säin éischte Fluch an de Weltraum. Haaptzil vun der Missioun war et, de Kommunikatiounssatellit SATCOM Ku-1 a seng Ëmlafbunn ze bréngen. Ausserdeem goufen en ettlech kleng astrophysikalesch a materialwëssenschaftlech Experimenter gemaach.
STS-31
[änneren | Quelltext änneren]Säin zweete Fluch war de 24. Abrëll 1990. Haaptaufgab vum STS-31 war d'Aussetze vum Hubble-Weltraumteleskop. Donieft goufe mat enger IMAX-Kamera Fotoe vun der Äerd gemaach. D'Discovery war no fënnef Deeg, den 29. Abrëll nees gelant.
STS-45
[änneren | Quelltext änneren]Als Kommandant vun der Raumfähr Atlantis war de Bolden am Kader vun der ATLAS-1-Missioun (Atmospheric Laboratory for Applications and Science) de 24. Mäerz 1992 an de Raum gestart. Bei där Spacelab-Missioun goufe Studien an de Beräicher Atmosphärechimie, Sonnenastralung, Plasmaphysik an Ultraviolettastronomie gemaach.
STS-60
[änneren | Quelltext änneren]Den 3. Februar 1994 war de Bolden fir seng lescht Missioun gestart. Besonnesch bei deem Fluch war, datt mam Sergei Krikaljow fir d'éischt e russesche Raumfuerer mat engem amerikanesche Raumschëff matgeflu war. D'Wake Shield Facility an de Spacehab-Modul waren d'Haaptnotzlaascht u Bord vun der Discovery.
No der NASA
[änneren | Quelltext änneren]Am Juni 1994 huet de Bolden d'NASA verlooss an ass an den aktiven Déngscht beim US Marine Corps zeréckkomm. Am Juli 1998 gouf hien zum Generalmajor ernannt. De 9. August 2002 goung hie fort vum Marine Corps an ass zanter dem 1. Januar 2003 President an Chief Operating Officer vun der American Puretex Water Corporation a vun de PureTex Water Works.
Bestëmmung als NASA-Administrateur
[änneren | Quelltext änneren]Den 20. Mee 2009 gouf hie vum President Amerika, dem Barack Obama op d'Plaz vum NASA-Administrateur an d'Lori Garver als seng Stellvertriederin nominéiert.[1] De 15. Juli 2009 gouf de Bolden duerch de Senat als NASA-Administrateur an Nofollger vum Michael Griffin bestätegt.
Privates
[änneren | Quelltext änneren]De Charles Bolden a seng Fra Alexis hunn zwee Kanner.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu Raumfuerer
- Lëscht vun de Space-Shuttle-Missiounen
- Lëscht vun de bemannte Raumfaartmissiounen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Charles F. Bolden – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- NASA-Biografie (englesch)
- Spacefacts-Biographie
- Charles Bolden's Story: "From the Segregated South to Low Earth Orbit"
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ FliegerRevue Juli 2009, S.9, Charles Bolden wird neuer NASA-Chef