Pettit (Moundkrater)
Ausgesinn
Koordinaten | 27°31'12"S, 86°45'0"W |
---|---|
Duerchmiesser | 36,7 km |
Déift | 3.910 m |
Selenographesch Längt | 87° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Edison Pettit |
Genannt am Joer | 1970 |
Moundvéiereck | LQ18 |
De Pettit ass en Aschlagkrater am baussenzege westleche Rand vun der viischter Säit vum Äerdmound an der Biergkette vun de Montes Rook, südwestlech vum Krater Nicholson. De Kraterrand ass net vill erodéiert an den Zentrum ass knubbeleg.
Normalerweis fënnt een op Moundkaarten de Buschtaf deen den Niewekrater bezeechent op der Säit vum Kratermëttelpunkt, déi am nächste beim Pettit läit.
Pettit | Breet | Längt | Duerchmiesser |
---|---|---|---|
C | -24,91° S | -89,06° W | 7,57 km |
T | ëmbenannt a Shuleykin |
De Krater krut 1970 offiziell vun der IAU den Numm vum US-amerikaneschen Astronom Edison Pettit.