Plektrud
Plektrud | |
---|---|
D'Plektrud an der "St. Maria im Kapitol"-Kierch zu Köln | |
Titel | |
Titel | Kinnek vum fränkesche Räich |
Biographie | |
Gebuer |
7. Joerhonnert Austrasien |
Gestuerwen |
717 Köln |
Graf | Köln |
Mamm | Irmina vun Oeren |
Geschwëster | Adela vu Pfalzel, Regintrud, Chrodelinde |
Kanner | Drogo vun der Champagne, Grimoald de Jéngeren |
Aktivitéit | Aristokrat |
Aner Informatiounen | |
Statut | Helleg |
D'Plektrud(is), och Bliktrud, gebuer géint 650 a gestuerwe 717 oder 725, war eng austresch Adeleg. Si ass eng Helleg vun der kathoulescher Kierch[1].
Hire Papp war de Pfalzgrof Hugobert, hir Mamm d'Irmina vun Oeren an hir Sëschter d'Äbtissin Adela vu Pfalzel bei Tréier. Ëm 670/675 huet se de karolengeschen Hausmeier Pippin de Mëttelsten (och den Décken oder vun Herstal genannt) bestuet. Vun him hat se zwéi Jongen, den Drogo an de Grimoald de Jonken. Allebéid krute se vum Pippin wichteg Ämter. Wéi de Pippin sou gutt wéi um Stierwe louch, huet d'Plektrud probéiert, hiren Enkelen (béid Jonge waren du schonn dout) d'Successioun ze sécheren. De Pippin hat nämlech och nach e Kand mat der Chalpaida (Alpaid) vu Bruyères, de Karl, dee spéider als Karl Martell sollt bekannt ginn. D'Plektrud huet hien dofir zu Köln aspäre gelooss. Hie konnt awer vun do fortlafen, huet sech eng Arméi zesummegestallt an domat d'Plektrud dozou gezwongen, seng Rechter unz'erkennen (717).
D'Plektrud huet St. Maria im Kapitol zu Köln gestëft, wou se, sou gëtt ugeholl, och begruewe läit.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Konecny, Silvia: Die Frauen des karolingischen Königshauses: Die politische Bedeutung der Ehe und die Stellung der Frau in der fränkischen Herrscherfamilie vom 7. bis zum 10. Jh., Wien: VWGÖ, 1976.
- Schieffer, Rudolf: Die Karolinger, W. Kohlhammer Druckerei GmbH + Co. Stuttgart, 2000, S. 23,31-33,35-38,40
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Plektrud – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2016-04-12. Gekuckt de(n) 2016-06-24.