Polarrank-Galaxie
Eng Polarrank-Galaxie ass e rare Galaxientyp, deen duerch d'Verschmëlzung vun zwou Galaxien entsteet.
Gruppéierung
[änneren | Quelltext änneren]Polarrank-Galaxien ziele wéi Gezäitenaarm-Galaxien, aner interaktiv Galaxien an Zwergalaxien, wéinst hirer Aart, zu de besonnesche Forme vu Galaxien. Si bestinn aus engem zentrale längelzegen Objet an engem Rank oder enger Scheif vu Stären dee vertikal zu deem Objet steet, also‚ iwwer de Pol der Scheif vum zentralen Objet. Déi zentral Objete si meeschtens lënsefërmeg vum Typ S0 an der Hubble-Sequenz, awer och elliptesch oder Spiralgalaxien kommen als Zentralobjete vir. Och d'Rotatiounsachse vum zentralen Objet a Rank stinn bal vertikal openee. Anescht geformt Galaxienaarte mat Rankstrukture si Rankgalaxien a munch Balkespiralgalaxien, am Eenzelfall kann d'Ënnerscheede munchmol schwiereg sinn.
Bis haut goufe ronn 100 Polarrank-Galaxien entdeckt. Et gëtt Ënnertyppe mat engem groussen éischter kugelfërmegen zentralen Objet. Si gi Saturn-Typ genannt. Eng géigesätzlech Variant gëtt Floppy-Typ oder Sombrero-Typ genannt (kuckt d'Bild NGC 4650). Bei där Variant ass de Rank verhältnesméisseg méi grouss a schwéier.
Haut huet ee Asiichte, datt och eis Mëllechstrooss e klenge Rank vu Gaswolleken huet dee vertikal zu hirem Plang orientéiert ass. Allerdéngs ass d'Mass vun deem Rank niddreg a geet net duer fir eng Bestëmmung als Polarrank-Galaxie.
Genesis
[änneren | Quelltext änneren]Bei der Entwécklung vun enger Galaxie aus Gas an engem eenzege Kollapsvirgank géif sech eng Gasscheif mat enger Preferenz fir eng Dréirichtung erausbilden, Gaswolleke mat engem anere Ëmlafssënn déi vum Kollaps betraff wieren, géife sech duerch Zesummestéiss dem allgemengen Dréisënn upassen.
Polarrank-Galaxië ginn dofir als Resultat vun enger nodréiglecher Fusioun vun zwou Galaxien ugesinn. An der haiteger Kosmologie gëtt ugeholl, datt Galaxien 'hierarchesch' aus méi klengen Eenheeten entstinn an ëmmer nees fusionéieren. Jee no Eegenschafte vun de béide verschmolzene Galaxien an hirer relativer Bunn kënne sech dobäi Endprodukter mat verschiddenen Eegenschafte bilden, ënner gënstege Bedéngunge ka sech awer bei enger Verschmëlzung de Gas vun enger klenger Galaxie amplaz ganz vun der méi grousser absobéiert ze ginn sech an eng stabil Bunn vertikal zu der Scheif vun der Zentralgalaxie setzen a sou eng Polarrank-Galaxie bilden.
Bekannt Polarrank-Galaxien
[änneren | Quelltext änneren]NGC 4650A
[änneren | Quelltext änneren]Eng vun deenen am beschten ënnersichte Polarrank-Galaxien ass NGC 4650A op enger Distanz vun 150 Millioune Liichtjoer. Dës Galaxie gëtt dacks als Prototyp vun der Klass ugesinn. Am zentralen Deel sinn eeler gielzeg Stären, bal vertikal dozou rotéiert e wiesentlech gréissere Rank (eigentlech éischter eng breet Scheif wéi en dënne Rank) mat jonke bloe Stären.
Hoag's Objet
[änneren | Quelltext änneren]Hauptartikel: Hoag's Objet
Den Hoag's Objet läit am Stärebild Serpens a gouf 1950 vum Astronom Art Hoag entdeckt. Si huet e stabilen a gutt ausgepräegte Rank mat ville gliddege Stären. De Radius vum Rank ass ronn 120.000 Liichtjoer grouss. Den Zentrum huet vill eeler Stären an huet eng Kugelform.
No der Entdeckung vun dëser onbekannter Galaxienaart hunn d'Entdecker ugeholl, si hätten et mat enger optescher Täuschung, duerch eng Gravitatiounslëns te dinn. Well fir den zentralen Objet an de Rank spéider déi selwecht Routverrécklung gemooss gouf, koum dës Erklärung net méi a Fro. Ausserdeem hu sech bal duerch besser Teleskope d'Ballungen am Rank gewisen, déi net duerch eng Gravitatiounslëns entstoe konnt.
Bis haut ass nach net eendeiteg gekläert, ob den Hoag's Objet eng aus enger ongewéinlecher Richtung gekuckt Polarrank-Galaxie ass. Fréier Theorien hunn och eng Entwécklung aus enger instabiler Balkespiralgalaxie virgeschloen. D'Kugelform vum Zentrum schwätzt allerdéngs dogéint, well Balkespirale flaach Zentren hunn. Well et sech ëm e stabilen Objet handelt, gëtt och en Zesummestouss tëscht zwou Galaxien ugeholl. Well dee méiglecherweis scho virun zwou oder dräi Milliarde Joer war, ass en nëmmen nach schwéier nozeweisen.
Polarrank-Galaxien an Donkel Matière
[änneren | Quelltext änneren]Eent vun den éischten Unzeeche fir d'Existenz vun Donkler Matière waren d'Rotatiounsbéi vu Spiralgalaxien. Déi héich Ëmlafvitesse bei grousser Distanz vum Kär sinn eleng duerch déi visuell Matière net z'erklären. Aus de Rotatiounsbéi an der Galaxiëscheif kann een awer net ofliesen, wéi den Halo vun donkler Matière vertikal zum Plang vun der Galaxie verdeelt ass. Polarrank-Galaxien erméiglechen am Prinzip eng Miessung vun där Verdeelung, well d'Matière vum Rank déi vertikal ëm d'Galaxie leeft, déi noutwenneg ‚Testdeelercher‘ zur Disposition stellt. An der Praxis ass awer d'Analys vun dëse Miessunge schwiereg, soudatt nach kee kloert Bild entstanen ass wéi ronn, ofgeplatt oder auerneegezunn den donklen Halo ass.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Simon Goodwin: Mission Hubble. Bechtermünz Verlag / Weltbildverlag, Augsburg 1996. ISBN 3-86047-146-5
- Roy A. Gallant: Unser Universum. Weltbildverlag, Augsburg 1998. ISBN 3-8289-3391-2
- Douglas B. McElroy / Brad Whitmore