Prizren
Prizren | |
---|---|
Déi al Steebréck vu Prizren (2013) | |
Land | Kosovo |
Vewaltungseenheet | Distrikt Prizren |
Awunner | 181.756[1] (Gemeng) |
2012 | |
Fläch | 640 |
Héicht | 403 |
Koordinaten |
42° 13’ 00’’ N 20° 44’ 00’’ O |
Postcode | 20000 |
Websäit | http://kk.rks-gov.net/prizren |
Prizren (op Albanesch: Prizren oder Prizreni, op Serbesch: Призрен/Prizren) ass no der Haaptstad Pristina déi zweetgréisst Stad am Kosovo. Si ass de wichtegsten Handels- a Verwaltungszentrum am Süde vum Land. D'Gemeng Prizren grenzt un Albanien am Westen an un Nordmazedonien am Osten. Déi meescht Awunner si Kosovo-Albaner (82%), donieft gëtt et ënner anerem 9,5% Bosnier a 5% Tierken.[2] Déi offiziell Verwaltungssprooche sinn Albanesch, Serbesch, Bosnesch an Tierkesch.
Prizren ass eng historesch Stad mat kultureller an touristescher Bedeitung fir de Kosovo. Zu de bekanntste Monumenter zielen déi al Steebréck, d'Festung an d'Sinan-Pascha-Moschee. Zanter 2002 ass all Joer den Dokumentarfilmfestival Dokufest an zanter 2011 de Musekfestival NGOM Fest.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]-
Prizren an den 1860er Joren
-
Vue op d'Festung vu Prizren
-
D'Festung vu Prizren
-
Vue op Prizren vun der Festung aus
-
D'Haaptplaz am Zentrum vun der Stad
-
D'Sinan-Pascha-Moschee
-
D'Kierch Bogorodica Ljeviška
-
Den alen Hammam
-
D'Haus vun der Liga vu Prizren
-
Den archeologesche Musée mam Auertuerm
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Schätzung vun der kosovarescher Agence fir Statistik fir den 31. Dezember 2012 (Quell: ask.rks-gov.net "ESTIMATED DATA FOR 2012 BY MUNICIPALITY.xls")
- ↑ Stand: 2011