Sequoiaen am Amaliepark
Sequoiaen am Amaliepark | |
---|---|
Déi zwou Sequoiaen, an der Mëtt d'Monument Amalia | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Stadpark |
Adress | Avenue Amélie |
Koordinaten | 49°36'50,26"N, 6°7'27,55"O |
Bamaart | Mammutbeem |
Héicht | 36,8 m (2023) |
Duerchmiesser | 2,85 m (2023) |
Ëmfang | 8,95 m (2023) |
Déi zwou Sequoiaen am Amaliepark si Risemammutbeem (Sequoiadendron giganteum; séquoia géant; Riesenmammutbaum) a stinn an der Stad Lëtzebuerg beim Monument fir d'Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach.
Déi riets Sequoia, op d'Monument hi gekuckt, ass méi héich an huet méi Laf wéi déi aner.
Mat engem Alter vu ronn 140 Joer (Stand 2018) sinn dës zwéi Beem mat déi eelst Sequoiaen zu Lëtzebuerg. Zum Vergläich: a Kalifornien sti Sequoiaen déi 1000 Joer al sinn an eng Gréisst vun 100 m erreechen.
Wëll komme Risemammutbeem ausschliisslech a Kalifornien vir. A Mëtteleuropa gi se zanter der Mëtt vum 19. Joerhonnert a Parken ugeplanzt.
D'Opriichte vum Monument an den Amenagement vun den Alentoure goufen ënner der Berodung vum franséische Paysagiste Édouard André (1840-1911), deen och de Park vun der Stad Lëtzebuerg entworf huet, duerchgefouert. Et kann een also unhuelen, datt och déi zwou Sequoiaen op säi Rotschlo hi geplanzt goufen.
Déi zwéi Beem goufe fir d'éischt 2002 op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl.
Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 27 an 32 m; Stammdéckt op Broschthéicht: 1,46 an 1,97 m, wat engem Ëmfang vu 4,58 a 6,15 m entsprécht.
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 194-195, Text a Foto).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
- Aner bemierkenswäert Beem an der Stad
- Hobuch op der Kinnekswiss
- Bam vum Prënz Jean (Käschtebam am Pescatore-Park)
- Käschtebam um Square Robert-Brasseur
- Bluttbuch bei der Méchelskierch
- Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée
- Buch am Péitrussdall, Bastioun Beck
- Nëssert am Konviktsgaart
- Ginkgo op der Eecher Plaz
- Biergahornen op der Corniche (déi zwéi Beem goufen 2009 ewechgeholl)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Category:Remarkable giant sequoia in Parc Amélie – Biller, Videoen oder Audiodateien |